E Méindeg, den 28. Abrëll 2003 wor zu Eschduerf ’Grënnungsversammlung vun der ASBL « Lëtzebuerger Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi ». D’Zil vun dëser ASBL ass Ënnerstëtze vum Guidismus a Scoutismus am allgemengen an de Bau vun engem Chalet fir de lokale Guiden a Scoutsgrupp.
Am Ufank vun der Versammlung ass e Réckbléck gemaach ginn op d’Aktivitéiten vum Guiden a Scoutsgrupp St Pirmin vum Séi, dee séit annerhallwe Joer zu Eschduerf besteet. Dono sinn d’Statute vun der neier ASBL virgestallt an diskutéiert ginn. Den éischte Conseil d’Administration ass gewielt ginn. Zum Schluss ass en 1. Avant-projet vun de Pläng fir deen neie Chalet presentéiert ginn. De Conseil d’Administration setzt sech zesummen aus:
- Marco Schank, President
- Jean Stephany an Diane Bormann-Kler, Vizepresidenten;
- Edmée Schank-Bisdorff a Lucienne Demuth-Gieres, Sekretärinnen;
- Maggy Lang-Haas, Trésorière ;
- Marianne Heymes-Kohl, Olivier Ludovicy, Marco Piccini, Francine Wealer-Grethen a Marco Wehles, Memberen.
Den éischte Projet vun der ASBL ass de Bau vun engem Guiden- a Scoutschalet zu Eschduerf beim Fussballsterrain. De Projet chiffréiert sech op ± 375 000 €, wouvunner d’Halschent vum Ministère de la Famille gedroë gëtt an déi anner Halschent vun de Guiden a Scouten mussen opbruecht ginn.
Déi Leit, déi d’Guiden a Scouten wëllen ënnerstëtzen, kënnen dat maachen duerch e Virement op de
CCPL : IBAN LU45 1111 1919 2963 0000 vum Grupp St Pirmin vum Séi.
Mir soen Iech elo schons villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!
