News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

Scouts in Action - South Africa

 



Mam Oetzi on Tour 2011

Den 12. an 13. Mäerz hunn d'Avex ee Weekend um Neihaischen ënnert dem Thema "Mam Oetzi on Tour".

Ee Weekend laang kënne mir ronderëm an am Keltenhaus selwer erliewen, wéi et sech an der Steenzäit esou gelieft huet... Mir bauen Handwierksgeschir, ginn op d'Juegd a kachen an iessen esou wéi virun e puer Dausend Joer.

Méi wëlle mir elo awer nach net verroden...

D'Informatiounsblaat fir de Weekend kënnt dir hei eroflueden. Denkt och drun, är Fiche Médicale auszefëllen a matzebréngen.

 

  

 



Scouten am Zweete Weltkrich

De Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (LS) an der Resistenz 1940-1945

Den 2. September 1939, hunn däitsch Truppen Polen iwwerfall. Doduerch waren déi Alliéiert, England a Frankräich laut Ofkommes mat Polen engagéiert, Däitschland de Krich ze erklären, deen no an no zum 2. Weltkrich ausgewuess ass. Doduerch stong eist Land virun enger ongewësser Zukunft.

An dëser Perspektiv stong de Chefdag vun de Lëtzebuerger Scouten de 16. September 1939 ënnert dem Motto « DER HEEMECHT ZE DENGEN ». Den deemolege Commissaire Général Aloyse Hentgen, huet en Appel un d’Bereetschaft vun alle Chef a Rover geriicht an ausgeruff « d’Scoute si mobiliséiert ». Dorop huet eng grouss Zuel vu Scouten d’Eischthëllefscoursë vum Roude Kräitz besicht.

 

Weiderliesen op lgs.lu


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved