News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

Pélé des Jeunes 2011

Hei ass de Programm fir de Pélé des Jeunes:

- Mir treffen eis Samschdes Owes um 19h45 zu Ettelbréck virum Pensionnat Ste Anne;
- Do ass um 20h00 eng Veillée, déi dauert bis +- 21h30;
- Duerno beschäftege mir eis mat Gesellschaftsspiller, schwätzen, liesen, raschten... ;
- Géint 1:30 an der Nuecht fuere mir da mam Bus vun der Ettelbrécker Gare aus op Gousseldeng (hannert Miersch) a gi vun do aus iwwert de Steeseler Plateau an d'Stad an d'Kathedral;
- Do ass um 7:30 Pélésmass un där mir deelhuelen;
- Duerno (géint 9h00) ass den offiziellen Deel (Scoutsaktivitéit) eriwwer. Dat heescht déi Elteren déi wëllen, kënne no der Mass hir Kanner um Parvis vun der Kathedral ofhuelen. D'Kanner kënnen awer och bei de Cheffe bleiwen, a mam Zuch zeréck op Ettelbréck fueren. Do ass dann um 11 Auer Schluss op der Gare.

Wat sollen d'Kanner mathuelen:

- Uniform!
- Ee klenge Rucksak mat Gedrénks, Picnic, Täschegeld, Jumbokaart/Zuchticket, Täscheluucht, Beschäftegung
- Dem Wieder entspriechend ugedo sinn



Veillée mat de moldawesche Scouten 2011

Vum 26/04 bis den 29/04 war e Grupp vu moldawesche Scouten bei eis op Besuch zu Lëtzebuerg. Si hunn déi Zäit zu Eschduerf bei eisem Chalet campéiert. Et war de Lions vun Wolz deen d'Idee hat fir d'Moldawier ze invitéieren an des Rees och bezuelt huet.
 
Zesumme mat de Moldawesche Scouten, dem Grupp vum Séi an dem Lions Club Grand-Duché Ardennes war Mettwochs, de 27/04 eng Grill-Véillée zu Eschduerf. De Minister Marco Schank an den Honorarkonsul fir di Moldawesch Republik Michal Wittmann waren deen Owend bei eis.
 



Scouts in Action - The Challenge 2011


 1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved