News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 5 

1. Generalversammlung vun der A.s.b.l.

Mëttwochs, den 31. März 2004 wor di 1. Generalversammlung vun der A.s.b.l. D'Diane Bormann-Kler huet als Vize-Präsidentin d'Versammlung géingt 20.45 Auer ugefaang an déi ongeféier 50 Leit Wëllkomm geheescht. D'Sekretärin Edmée Schank-Bisdorff ass op d'Aktivitéite vum leschte Joer agaangen. Dat waren: de Foire a Festival zu Ell, de Nuetsmaart zu Esch/Sauer, eng Aktioun wou Wësch fir Maria Himmelfahrt gemaach a verkaf gi sinn, eng Aktioun Adventskränz an d'Bedeelegung un Maart a Musek.

De Comité vun der A.s.b.l. huet sech regelmässeg getraf an zesumme mat engem Architekt sinn d'Pläng fir de Bau vun engem Chalet fir D'Guiden a Scoute erschafft ginn. D'Caissière Maggy Lang-Haas huet d'Compten vun der A.sb.l. erklärt. D'Stéphanie Kasel an de Carlo Müller haten d'Keess nogekuckt a fonnt dat alles geklappt huet. Di zwee hun sech Bereed erklärt fir och d'nächst Joer d'Kees nozekuken. Mam Dennis Nash ass en neie Member an de Comité gewielt ginn. Hie soll sech an Zukunft em d'Keess vun der A.s.b.l. këmmeren nodeems d'Maggy Lang-Haas aus zeitleche Grënn des Charge ofginn hat.

Dunn wor et um Jang Stephany an um Olivier Ludovicy fir de Generalversammlung d'Pläng vun dem Guide/Scoutschalet ze présentéieren. E puer mol ass op den héige Budget vum Gebäi higewise ginn an de Paschtouer Marco Wehles huet Méiglegkeete ginn, wéi d'Suë kënnen erakommen. De Chalet gëtt als Passivhaus konzipéiert, dofir huet de Präsident Marco Schank e puer Erklärunge zum Thema Passivhaus ginn. Als Ofschloss huet d'A.s.b.l. e Patt offréiert. D'Gespréicher an Diskussioune beim Patt hun zum Deel bis spéit an d'Nuecht gedauert ...



Grennung vun der A.s.b.l.

E Méindeg, den 28. Abrëll 2003 wor zu Eschduerf ’Grënnungsversammlung vun der ASBL « Lëtzebuerger Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi ». D’Zil vun dëser ASBL ass Ënnerstëtze vum Guidismus a Scoutismus am allgemengen an de Bau vun engem Chalet fir de lokale Guiden a Scoutsgrupp.

Am Ufank vun der Versammlung ass e Réckbléck gemaach ginn op d’Aktivitéiten vum Guiden a Scoutsgrupp St Pirmin vum Séi, dee séit annerhallwe Joer zu Eschduerf besteet. Dono sinn d’Statute vun der neier ASBL virgestallt an diskutéiert ginn. Den éischte Conseil d’Administration ass gewielt ginn. Zum Schluss ass en 1. Avant-projet vun de Pläng fir deen neie Chalet presentéiert ginn. De Conseil d’Administration setzt sech zesummen aus:

  • Marco Schank, President
  • Jean Stephany an Diane Bormann-Kler, Vizepresidenten;
  • Edmée Schank-Bisdorff a Lucienne Demuth-Gieres, Sekretärinnen;
  • Maggy Lang-Haas, Trésorière ;
  • Marianne Heymes-Kohl, Olivier Ludovicy, Marco Piccini, Francine Wealer-Grethen a Marco Wehles, Memberen.

Den éischte Projet vun der ASBL ass de Bau vun engem Guiden- a Scoutschalet zu Eschduerf beim Fussballsterrain. De Projet chiffréiert sech op ± 375 000 €, wouvunner d’Halschent vum Ministère de la Famille gedroë gëtt an déi anner Halschent vun de Guiden a Scouten mussen opbruecht ginn.

Déi Leit, déi d’Guiden a Scouten wëllen ënnerstëtzen, kënnen dat maachen duerch e Virement op de

CCPL : IBAN LU45 1111 1919 2963 0000 vum Grupp St Pirmin vum Séi.

Mir soen Iech elo schons villmools Merci fir Är Ënnerstëtzung!


 1 2 3 4 5 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved