01-03/02/2003 WE Avex Befort
D’Avex hun e Fuesweekend « Lost in Mullerthal » zu Befort. Um Programm steet : ennert anerem Schlittschong fueren, Nuetsmarsch an e Rallye. De WE wor flott mé et d’Wieder wor dégueulasse.
04/02/2003 Versammlung fir de Chalet
De Marco Wehles, den David Baum an den Olivier Ludovicy treffe sech zu Eschduerf op der Gemeng mam Buergermeeschter Marco Schank a mam Architekt Pierre Baumann fir iwwer de neie Scoutschalet ze schwetzen. Mir soen wat mer gären hätten a wat mer brauchen. De Budget fir de Chalet ass op 375000 EUR festgeluegt.
15-16/03/2003 CaraPio Hike
D’CaraPio organiséieren zesummen mat der FNEL vu Colmar-Bierg en Hike vu Bauschelt op Ensber (Nuecht) an op Eschduerf.
09-10/04/2003 Chefdropping
E puer vun eise Chefs loosse sech mam Auto +- 50 km ewech féieren an dann aussetzen. Si mussen innerhalb vun 24 Stonnen nees zereck zu Eschduerf sinn.
12/4/2003 Grouss Botz
Mir hellefen zu +- 20 bei der grousser Botz vun der Gemeng Heischent.
26-27/04/2003 WE Wellef Cinqfontaines
D’Wellef maachen e WE zesummen mat der FNEL zu Cinqfontaines. 7 Wellef vum Séi a 4 vun der FNEL gi matt. Trotzdem oder grad well net vill Kanner derbei sin gett de WE ganz flott.
28/4/2003 Grennungsversammlung vun der Asbl Lëtzebuerger Guiden a Scouten St Pirmin vum Séi
All d’Frenn vum Grupp sin invitéiert fir an d’Grennungsversammlung ze kommen, 21 Leit si schlussendlech derbäi. Den Olivier Ludovicy mecht e Reckbleck op d’Aktivitéiten vum Grupp St Pirmin vum Séi aus deene leschten anner halwen Joeren. Dono stellt Maggy Lang d’Statuten vun der neier Asbl vir. D’Statuten gin diskutéiert an déi Saachen déi néideg sinn, ginn emgeännert. Dono gett de Komitee vun der Asbl eestemmeg vun de Membres fondateurs gewielt.
Den 1. Komitee setzt sech zesummen aus:
- Président: SCHANK Marco
- Vice-présidents: BORMANN-KLER Diane, STEPHANY Jean
- Secrétaires: SCHANK-BISDORFF Edmée, DEMUTH Lucienne
- Trésorier: LANG-HAAS Maggy
- Membre: HEYMES-KOHL Marianne
- Membre: LUDOVICY Olivier
- Membre : PICCINI Marco
- Membre : WEALER-GRETHEN Francine
- Membre : WEHLES Marco
23-28/5/2003 Paischtcamp Avex Kounenhaff
Den Avex hiire Paischtcamp ass um Kounenhaff bei Obereisenbach. Sonndes owes sinn d’Elteren op de Camp invitéiert fir un der Mass deelzehuelen. Een Dag gett vun de CaraPio organiséiert.
26/5-28/5/2003 WE Wellef zu Ensber
D’Martine Stephany,d’Sara Haas, d’Jenny Schank, an d’Nicole Deltgen mat enger Dozen Wellef haalen e PaischtWE zu Ënsber. Si maachen ennert annerem eng Photogeschicht. Owes ass beim Lagerfeier d’Verspriechen.
9/6/2003 Pirminspressioun
Mir bedeelegen eis un der Pirminspressioun zu Kauneref déi wéinst dem 1250. Doudesdag vum hellegen Pirmin méi grouss ewéi normal opgezu gett. D’Guiden a Scouten sin zu +- 20 vertrueden.
16/7-28/7/2003 Camp CaraPio Slovenien
D’CaraPio gin op en internationale Camp zu Bohinj a Slowenien. De Camp ass vun de Letzebuerger Guiden a Scouten mat de slovenesche Scouten zesummen organiséiert.
29/7-1/8/2003 Wellefcamp (Medernach)
D’Wellef hun hire Summercamp zu Medernach. De Camp ass ganz flott, mé et si just 7 Wellef déi matginn.
6/8-21/8/2003 Niger
D’Sara Haas an d’Martine Stephany huelen un engem Camp de développement am Cader vun der Odyssée 2003 vun der Route am Niger deel.
Adventsaktioune
D’Asbl zesumme mam Grupp bastelen Adventskränz fir ze verkafen. Si maachen och Arrangementer a Kichelecher a sinn de 5/12 zu Heischent um Chreschtmaart, de 6. a 7/12 zu Heischent op engem Chreschtbazar vum Spuerverein Fuussekaul an den 13/12 zu Ënsber um Chreschtbazar vun der Amiperas. Am ganze ginn et 2500 € fir de neie Chalet.
22/12/2003 Chrëschtvéillée 2003 Eschduerf
All Kanner an hir Eltere waren fir Samsdes den 20. Dezember invitéiert op eis Chrëschtvéillée zu Eschduerf am Festsall vun der Gemeng. Et ass ugang mat enger reliéiser Feier, organiséiert vum Stéphanie Kasel, dono sinn d’Diaë vum leschte Joer gekuckt ginn, de Film vum Niger a de Film Tuttebatti ass gewise ginn. Dunn gouf et e Bréidchen mat Sauerkraut an engem Wirschtchen. 70 Leit woren op eis Chrëschtvéillée kommen.
24/12/2003 Friddensliicht
Eise Grupp war op den Cents op d’Friddensliichtfeier vun den LGS.