Wat gëtt et besseres ewéi gutt lëtzebuerger Kniddelen?
Bei eis hutt dir Auswiel tëschent:
Kniddelen mat Speck I 10€
--------
Kniddelen mat hausmaacher Pesto (vegetaresch) I 12€
--------
Kniddelen mat Wäinzoossiss I 12€
Dëst Joër hutt dir dann och erëm Méiglechkeet är Kniddelen, ënnert gudder Gesellschaft, bei eis um Wisefest ze iessen.
Bestellen kënnt dir nach bis den 15. September beim Jean Stephany um Tel. 621 211 227 (jean.stephany@gmail.com)
oder beim Charles Elsen iwwert den Tel. 661 819 524
Mir freeën eis op iech!
Bubble Tournoi
***Bubbleball Tournoi***
Equippen:
Gespillt gëtt an Equippen vun 3 Leit mat der Optioun vun engem zousätzlechen Auswiesselspiller.
Ënnert dësen 4 Spiller däerf max. 1 Erwuessenen dobei sinn. Ab 9 Joer däerf matgespillt ginn.
Den Tournoi:
Gespillt gëtt an Form vun engem Tournoi bei dem een sech muss am viraus umellen.
Ugefaangen mat enger Gruppephase mat uschleissender K.O Phase.
Gespillt gëtt jee no Unzuel un Ekippen tëschent 10 an 15 Minutten.
Umellen:
Umellen kann’s du dech an deng Ekipp bis den 17. September ënnert der Telefonsnummer 661 819 524(Charles Elsen) oder per Mail: st.pirmin.raro@gmail.com.
Et besteet och Méiglechkeet sech den Dag selwer nach op der Platz unzemellen (virun 12:30), falls nach Platz ass.
Et kennen sech desweideren och Eenzel Spiller umellen aus deenen mir dann eng Ekipp zesummen stellen.