News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 

Anno 2006

28-29/01/2006 SafabWE (Neuhäusgen)

 8 CaraPio an 3 Chefs ware mat op de SafabWE „Lappen oder Läppercher“. D’Ambiance war super.

 3-5/3/2006 WE Wëllef (Erpeldange)

 Trotz der Fuesvakanz waren di meescht Wëllef mat op de WE, et war flott, si hate vill Schnéi.

 1/04/2006 Grouss Botz (Insenborn)

 Zu iwwer 30 Leit war eise Grupp op der grousser Botz zu Ënsber vertrueden.

  

 8/04/2006 Eeër fierwen (Eschdorf)

 Et gi knapp 200 Dozen Eeër gefierft a verkaaft.

 7-10/04/2006 WE AvEx (Bilsdorf)

 E flotte WE.

 7-22/04/2006 Odyssee (Vietnam)

 D’Sara Haas hellt deel un engem Projet vun der Route am Vietnam.

 9/4/2006 JOCAPI (Remich)

 Eis CaraPio ginn di éischt um Jocapi, deemno ass am Joer 2007 de JOCAPI zu Eschduerf!

 1/05/2006 1.Meecourse (Eschdorf)

 10 Leit vun de Guiden a Scoute si fir d’1.Meecourse am Asaz. Si hu gudd geschafft, et wor eng flott Ambiance.

 25/05/2006 Kiermes (Bilsdorf)

 Eis CaraPio hëllefe bei der Organisatioun a beim Duerchféiere vun der Guidekirmess zu Bilschdref.

 28/05/2006 Wëllefrallye (Walferdange)

 Eis Wëllef sinn um Wëllefchersrallye zu Walfer mat derbäi a maachen di 10. Plaz.

 29/06/2006 3.Generalversammlung ASBL (Eschdorf)

 Et waren eng Doze Leit op der 3. Generalversammlung vun der Asbl. E puer vun den Eltere vun eise Guiden a Scouten an d'Membere vum Gemengen- a Schäfferot vun der Gemeng Heischent ware present.

 19-29/07/2006 AvEx Camp Tupelay (Schoos)

D’AvEx huelen deel um nationalen AvEx-Camp TUPELAY zu Schous. Si sinn zu 5 AvEx an 2 Chefs derbäi. 2 vun den AvEx fueren um Besuchsdag mat hiren Elteren nees heem. Et huet hinnen net gefall.

 15/08/2006 Wësch (Eschdorf)

 D’Asbl huet, zesumme mat e puer vun den Elteren +- 80 Wësch gebonn, déi no de Masse verkaf gi sinn.

 16-26/8/2006 CaraPio Camp Ransberg (Schweden)

 Zesumme mat de Leidelenger CaraPio ginn eis CaraPio op e Camp a Schweden zu Ransberg bei Ranstätter.

 2-23/08/2006 Odyssee (Niger)

 D’Jenny Schank an d’Martine Stephany sinn op engem Camp-Chantier vun der Route am Niger.

 6-10/09/2006 Wëllef Camp Robin Hood (Kuelebécherhaff)

 20 Wëllef si mat 3 Chefs um Camp um Kuelebécherhaff

16-17/09/2006 Wisefest (Eschdorf)

 Samsdes mëttes sinn d’ Ateliere vun de Wëllef ënner dem Thema Piraten an e Fussballstournoi vun de CaraPio. Owes ass Mass a Lagerfeier. Sonndes mëttes gëtt et Ham am Deeg, duerno ass e  Familjerallye.

Dat 1. Wisefest am Chalet war méi flott wéi di Joere virdun.

  

 24/09/2006 Chefdag (Junglinster)

 D’ Martine St., d’Jenny, de Michael, de Castor an den Oli waren um Chefdag 2006 zu Jonglënster.

 30/09/2006 Montée Wëllef – AvEx

 D’AvEx hunn 8 nei Membere bäikritt. Di 8 hunn hir Montée gudd iwwerstan.

 21/10/2006 JOTA (Eschdorf)

 D’AvEx huelen um JOTA 2006 deel. Si funken aus dem neie Chalet.

 4-5/11/2006 WellefWE (Eschdorf)

 Den 1. WE am neie Chalet ass de Wëllef hiren EntdeckerWE. Si sinn  zu 18 Wëllef a 5 Chefs.

 27/11 – 02/12/2006 Adventskränz (Eschdorf)

 Während der Woch vum 27/11 bis den 2/12 sinn all owes am Chalet Adventskränz gewéckelt a gebastelt ginn. Zum Schluss hate mer 70 Kränz verkaf.

 18/12/2006 Friddensliicht (Ettelbruck)

 E puer vun eise Chefs fueren op Ettelbréck d’Friddensliicht sichen. D’Friddensliicht gëtt an der Chreschtvéillée an an de Metten ausgedeelt.

 22/12/2006 Night Vigil (Heiderscheidgrund)

 Fir d’Night Vigil hu mier eng Konstruktioun a Form vun YD am Heischtergronn opgeriicht.

 23/12/2006 Chrëschtvéillée (Eschdorf)

 Ongeféier 90 Leit kommen an de Chalet fir zesummen d’ Chrëschtvéillée ze erliewen. De Marco mam Castor a Jenny hunn eng Feier organiséiert zum Thema Zesummenhalen. Duerno hu mer d’Diae vum leschte Joer gekuckt. Zum Schluss gëtt et et Bréidchen mat engem Wierschtchen an eppes ze drénken.

 



Anno 2005

8-9/1/2005 CaraPio WE mam SAFAB (Bilsdorf)

 4 Pio ware mam Martine Schannel op Bilschdref op e WE dee vum SAFAB organiséiert war. Et war superflott!

19/03/2005 Eeërfierwen

Den 19. Mäerz huet de Grupp an d’ASBL Ouschtereeër gefierft. Mir hate Bestellunge fir 180 Dozen Eeër!

 02/04/2005 Grouss Botz (Insenborn)

 Zu 21 Guiden a Scouten hëlleft de Grupp vum Séi op der grousser Botz vun der Gemeng Ningsen.

 10/04/2005 JOCAPI (Schifflange)

 Eis CaraPio huelen un der nationaler Journée CaraPio deel a gewannen di 2. Plaz.

 

 05/05/2005 Kiermes (Bilsdorf) 

D’CaraPio hëllefe bei der Organisatioun vun der Kiermes zu Bilschdref a stellen 2 Atelieren op d’Been.

 07-08/05/2005 Jugendforum (Lultzhausen)

5 CaraPio huelen un dem PréparatiounsWE fir de Jugendforum zu Lëlz deel. De Samsden duerno si si zu Wolz op der Presentatioun.

 28/05/2005 Marionettentheater (Heiderscheid)

 De Grupp an d’ASBL hëllefe beim Marionettefestival zu Heischent.

 05/06/2005 Wëllefrallye (Kayl)

 D’Wëllef sinn um nationale Wëllefrallye derbäi.

 8/6/2005 2. Generalversammlung ASBL (Eschdorf)

 De President Marco Schank konnt  déi 2. Generalversammlung vun der ASBL Guiden a Scoute St Pirmin vum Séi 20 Leit am Porhaus zu Eschduerf begréissen. A senger Aleedung huet de President all deene Leit Merci gesot déi de Bau vum Chalet mat engem Don ënnerstëtzt hunn. Dobäi ass di enorm Somme vun 37000 EUR nëmmen u privaten Doën erakomm. D'Gemeng Heischent huet de Guiden a Scouten 50000 EUR ginn an d'Gemeng Ningsen nach eng Kéier 10000 EUR. Duerno huet de Marco de Cheftainen a Chefs villmools Merci gesot fir hire groussen Asaz iwwert d'ganz Joer an de Versammlungen, Weekender a Campen.

D'Edmée Schank-Bisdorff huet den Aktivitéitsrapport vun der ASBL vum Joer 2005 gemaach. Den Trésorier Dennis Nash huet d’ Comptabilitéit vum Grupp mat Humor duergestallt.

De Marco Piccini huet aus perséinleche Grënn aus dem Comité vun der ASBL démissionéiert, de President huet him villmools Merci fir seng Aarbecht a seng Hëllef gesot. Nei an de Comité ass de Pit Friedl gewielt ginn.

De Jang Stephany huet di technesch Detailer zum Chalet als Passivhaus ginn.

Zum Ofschloss gouf et e Patt ze drénken,... an di nächst Versammlung wärd dann am Chalet sinn!

 13-17/07/2005 CaraPiocamp (Taizé )

 D’Magali an den Tom si mat de Leidelenger CaraPio op de Summercamp an d’Bourgogne.

 17-26/07/2005 AvEx Camp zu (Pettingen) 

7 AvEx an 5 Chefs wore während 10 Deeg zu Pëtten bei Miersch um Camp an Zelter.

 12/08/2005 Wësch (Eschdorf)

 D’Asbl huet, zesumme mat e puer vun den Elteren +- 80 Wësch gebonnen a verkaf.

 5/09-11/09/2005 Wëllefcamp (Dudelange)

 12 Wëllef a 4 Chefs haten hire Summercamp am Home Belvedere zu Diddeleng.

 17/09/2005 AvEx-Montéel (Ringel)

 Montée fir 5 Wëllefcher an d’AvEx (Tessy Brack, Bob Friedl, Caroline Wirtz, Stephany Wealer, Enzo Wolff), d’ Fabiène Lemmer kennt nei bei d’AvEx derbäi.

 25/09/2005 Gromperefest (Eschdorf)

 Eise Grupp huet beim Gromperefest, organiséiert vun der Entente des Sociétés vun Eschduerf, matgehollef.

 25/09/2005 Chefdag (Useldange)

 Zu 6 Chefs aus all Branche wore mir um Chefdag vun den LGS zu Useldeng.(Jenny Schank, Michael Gravé, Martine Walisch, Nicole Deltgen, David Baum, Olivier Ludovicy).

 1–2/10/2005 Wisefest (Eschdorf)

 Samsdes mëttes waren d’Ateliere fir d’Kanner ënner dem Thema Märecher, duerno war eng Mass dobaussen an e Lagerfeier. Sonndes mëttes gouf Fierkel um Spiiss,  nom Iesse war de Rallye.

 8-9/10/2005 CaraPio-Montée (Eschdorf)

 D’CaraPio organiséieren e MontéeWE fir hir „Nei“. Bal all d’CaraPio gi matt fir di 4 „Nei“ opzehuelen: de Julien Reiners, de Kevin Morheng, de Michel Origer an den Andy Wagener kommen nei an d’CaraPio.

 15-16/10/2005 JOTA (Eschdorf)

 D’AvEx maache mat um JOTA an organiséieren e WE am Parhaus, 8 Kanner a 5 Chefs sinn derbäi.

 15-16/10/2005 WE de lancement (Neihaischen)

 Jenny, Martine an d’Sara sinn um WE de Lancement vun der Route a ginn d’nächst Joer mat op Campen an de Vietnam (Sara) an an de Niger (Jenny, Martine).

 

28-30/11/2005 Formatioun Wëllef (Mamer)

D’Jenny mécht de STIP vun de Wëllef zu Mamer.

 02-06/11/2005 Formatioun CaraPio (Wiltz) 

De Michael an Tom sinn um STIP vun de CaraPio zu Wolz.

 21-26/11/2005 Adventskränz (Eschdorf)

 Während der Woch vum 21.-26. November sinn all owes Adventskränz gewéckelt a gebastelt ginn. Zum Schluss hate mer 85 Kränz verkaf !

 16/12/2005 Chrëschtvéillée (Eschdorf)

 Freides owes, den 16.12 hate mer eis traditionell Chreschtvéillée fir d’Guiden a Scouten a hir Famill. De Marco, zesumme mat e puer vun de Chefs, hat eng reliéis Feier preparéiert, dono goufen d’Diae vum lescht Joer gewisen. Zum Schluss gouf et Wierschtchen ze iessen an eppes ze drénken. +-100Leit ware kommen.

 21/12/2005 Friddensliicht (Schifflange)

 D’CaraPio hunn un der Friddensliichtvéillée zu Schëffleng deelgeholl an d’Friddensliicht mat an eis Géigend bruecht. An de Chrëschtmetten zu Heischent ass d’Friddensliicht un d’Leit verdeelt ginn.

 27-29/12/2005 AvEx ChefWE (Niederkolpach)

 D’AvEx-Chefs hunn e Wanterhike iwwer 3 Deeg vun Nidderkolpesch bis an d’Fuussekaul gemaach.

 28-29/12/2005 WE Wëllef (Mersch)

 ChrëschtWE vun de Wëllef zu Miersch. Et woren 12 Wëllef a 5 Chefs mat. De WE wor flott awer ze kuerz.

 



Anno 2004

17/1-18/1/2004 WE Wëllef um Misärshaff

15 Wëllef vum Séi verbréngen zesumme mat den Dikricher Wëllef e flotte WE um Misärshaff.

31/3/2004 1. Generalversammlung ASBL zu Eschduerf

Mëttwochs, den 31. Mäerz 2004 ass di 1. Generalversammlung vun der ASBL. D'Diane Bormann-Kler huet als Vize-Presidentin d'Versammlung géingt 20.45 Auer ugefaang an déi ongeféier 50 Leit Wëllkomm geheescht. D'Sekretärin Edmée Schank-Bisdorff ass op d'Aktivitéite vum leschte Joer agaangen. Dat waren: de Foire a Festival zu Ell, de Nuetsmaart zu Esch/Sauer, eng Aktioun wou Wësch fir Maria Himmelfahrt gemaach a verkaf gi sinn, eng Aktioun Adventskränz an d'Bedeelegung u Maart a Musek. De Comité vun der ASBL huet sech regelméisseg getraff an zesumme mat engem Architekt sinn d'Pläng fir de Bau vun engem Chalet fir d'Guiden a Scouten erschafft ginn. D'Caissière Maggy Lang-Haas huet d'Compten vun der ASBL erklärt. D'Stéphanie Kasel an de Marco Müller haten d'Keess nogekuckt a hu fonnt dat alles geklappt huet. Di zwee hu sech bereet erkläert fir och d'nächst Joer d'Kees nozekucken. Mam Dennis Nash ass en neie Member an de Comité gewielt ginn. Hie soll sech an Zukunft em d'Keess vun der ASBL këmmeren nodeems d'Maggy Lang-Haas aus zäitlech Grënn des Charge ofginn hat. Dunn wor et um Jang Stephany an um Olivier Ludovicy fir der Generalversammlung d'Pläng vun dem Guide/Scoutschalet ze presentéieren. E puer mol ass op den héige Budget vum Gebai higewise ginn an de Paschtouer Marco Wehles huet Méiglechkeete ginn, wéi d'Suë kënnen erakommen. De Chalet gëtt als Passivhaus konzipéiert, dofir huet de President Marco Schank e puer Erklärungen zum Thema Passivhaus ginn. Als Ofschloss huet d' ASBL e Patt offréiert. D'Gespréicher an Diskussioune beim Patt hunn zum Deel bis spéit an d'Nuecht gedauert ...

3/4-4/4/2004 WE Wëllef zu Heeschdref

14 Wëllef an 3 Chef vum Séi ware mat de Wëllef vun Housen/Houschent zu Heeschdref um WE. Den Thema vum WE war Theater: d’Wëllef haten en Theaterstéck “Dem Orphelia sei Schiedtheater” ageprouft an den Elteren et virgespillt.

5/4-10/4/2004 Camp CaraPio zu Schwemlingen (D)

4 CaraPio mat 2 Chef waren zu Schwemlingen an der Ouschtervakanz um Camp an Zelter. D’Wieder war kal a naass, mee d’Ambiance war super.

6/4/2004 Éerfierwen

D’ ASBL zesumme mat de Guiden a Scoute fierwen a verkafen ±1300 Ouschtereeër. Den Erléis ass fir de Chalet.

24/4/2004 Grouss Botz (Ënsber)

25 Guiden a Scoute vum Séi hëllefe bei der grousser Botz vun der Gemeng Ningsen. Di vill Uniforme fale positiv op.

1/5 – 2/5/2004 1. Meecourse (Eschdorf)

Eis Chef hëllefe bei der 1. Meecourse.

Avex Camp: 23. – 31. Juli 2004 Toodlermillen (a Woschent)

Nëmmen 3 AvEx an 5 Chef wore mat op den AvEx hire Camp a Woschent bei der Todlermillen. De Camp wor awer flott, d’Wieder wor tip-top.

Wëschaktioun 15. August 2004

D’ASBL huet fir Léiffrawëschdag 95 Wësch gebonn a verkaf.

Wellefcamp: 8. – 12. September 2004 zu Nidderkolpech

Zu 8 Kanner sinn d’Wëllef zu Nidderkolpech am Chalet vun der AGGL. De Camp ass tip-top, d’Kanner an d’Cheftaine sin ganz zefridden.

      

Chefdag: 18. September 2004 (Roeser)

Eise Grupp geet zu 6 Leit op de Chefdag.

25/09/2004 Spatenstich fir de neie Chalet

Am Kader vum Wisefest ass den 1. Spatenstich fir eisen neie Chalet gemaach ginn. All eis Donateure sinn invitéiert ginn, awer och di Responsabel vun de Gemengen a vun de Scouten. D’Mme Minister Marie-Josée Jacobs, de Jean-Paul Schaaf (Ettelbréck), de Romain Schneider (Wolz) woren do. De Marco Schank huet déi 1. Ried gehal, duerno den Olivier Ludovicy, dunn d’Christiane Walisch an zum Schluss d’Mme Jacobs. Dunn hunn de Marco Schank, den Olivier Ludovicy, d’Christiane Walisch an d’Mme Jacobs den 1. Spuedestech vum neie Chalet gemaach!

  

25+26/09/2004 Wisefest 2004

Samsdes mëttes: Ateliere fir d’Kanner, duerno Spatenstich fir de neie Chalet an dunn eng Mass an der Wiss. Owes Éierewein fir de Chalet a Lagerfeier. Sonndes : Wisefestmenü, am Nomëtten: Familjerallye. Et huet alles gudd geklappt an et wor ganz flott!

  

6-7/11/2004: WellefWE zu Wäicherdang

12 Wëllef gi mat op de WellefWE op Wäicherdang.

Adventskränz

Vum 22/11 bis den 27/11 huet d’Amicale mat der Mathëllef vun e puer Elteren Adventskränz gebastelt. Während enger Woch sinn esou eng 60 Adventskränz gebastelt a verkaf ginn. Den Erléis ass fir de Chalet.

24/11/2004 Chèqueiwereechung vum Lions

De Lionsclub Grand-Duché-Ardennes huet eis en Don iwwer 6000 EUR gemaach. De Marco Schank, de Marco Wehles, den Dennis Nash an den Olivier Ludovicy woren de 24.11.2004 op Wolz an den Hotel Vieux Château fir de Chèque iwwerreecht ze kréien. Mir hunn dobäi de Guidismus a Scoutismus am generelle presentéiert an eise Grupp virgestallt. E ganz décke Merci un de Lionsclub fir dësen extra décken Don!

18-20/12/2004 AvEx WE (Klierf)

8 AvEx mat 5 Chef wore während 3 Deeg zu Klierf niewent der Abtei um WE.

20/12/2004 Roeser

E puer vun eise Chef woren op Réiser op d’Friddensliichtfeier an hunn d’Friddensliicht mat op Eschduerf bruecht.

22/12/2004 Chreschtvéillée (Eschduerf)

+- 60 Leit hunn un eiser Chreschtvéillée deelgeholl. D’Stéphanie huet eis eng Geschicht vu Chrëschtdag an dem Liicht erzielt. All Famill huet e Friddensliicht mat heem kritt. Dunn wor d’Diasshow mat de Biller vum lescht Joer an zum Schluss e Patt an e Wierschtche mat Sauerkraut.


 1 2 3 4 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved