News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   


 1 2 3 4 

Versammlungplang AvEx 2. Trimester 2014

 

D'Versammlunge sinn am Prinzip Samsdes vun 14.00 - 16.00 Auer zu Eschduerf am Chalet

Samsdes 11/01/14 Versammlung
Samsdes 18/01/14 Versammlung
Samsdes 25/01/14 Versammlung
Samsdes 01/02/14 Versammlung
Freides 07/02/14 Fuesbokewanderung an den Heischtergronn
Samsdes 15/02/14 keng Versammlung
Samsdes 22/04/14 keng Versammlung
Samsdes-Sonndes 01/03 - 02/03//14 WEEKEND Vianden
Freides 07/03/14 Versammlung
Samsdes 15/03/14 Versammlung
Samsdes 22/03/14 Grouss Botz
Freides 28/03/14 Piratenéiersichen Turelbaach
Samsdes 05/04/14 keng Versammlung
Samsdes 12/04/14 Ëeerfierwen
Samsdes 19/04/14 keng Versammlung
Samsdes 26/04/14 keng Versammlung
Mettwochs-Samsdes 23/07-02/08/14 CAMP SABANGAR PIRATEN / LEUDELANGE
Sonndes 28/09/14 WISEFEST

Hei ass nach eng Kéier de Bréif fir rauszedrécken, fir déi Leit déi keen kritt hätten smiley



Absurd-Cup AvEx zu Leideleng Juni 2011

De 19. Juni wor den Absurdcup (sou eng Art Spiller ouni Grenzen) zu Leideleng. Eng 120 AvEx, opgedeelt op 20 Ekippen, hun sech dee ganzen Dag iwwer bei flotte Spiller ewéi "Slackline", "Kiischtekäre Späizen bigsmile.gif" oder "Seeën" ameséiert an sech géigesäiteg erausgefuerdert.

Op déi éischt Plaatz as Trupp vum Cents komm, gefollegt vu Leideleng an erëm Cents.

Eis 2 Ekippen koumen op déi 7. an 10. (mat 2 Leit vun Housen-Houschent) Plaz.

 

 

Mir soen der AvEx-Ekipp M.E.R.C.I. fir dee flotten Dag, a frëen eis op d'Editioun 2012, wou mir eist Bescht wäerte maachen, fir de Centser hieren Titel ofzehuelen smile.gif

Hei fannt dir den Artikel mat Fotoen op mywort.lu.



Pélé des Jeunes 2011

Hei ass de Programm fir de Pélé des Jeunes:

- Mir treffen eis Samschdes Owes um 19h45 zu Ettelbréck virum Pensionnat Ste Anne;
- Do ass um 20h00 eng Veillée, déi dauert bis +- 21h30;
- Duerno beschäftege mir eis mat Gesellschaftsspiller, schwätzen, liesen, raschten... ;
- Géint 1:30 an der Nuecht fuere mir da mam Bus vun der Ettelbrécker Gare aus op Gousseldeng (hannert Miersch) a gi vun do aus iwwert de Steeseler Plateau an d'Stad an d'Kathedral;
- Do ass um 7:30 Pélésmass un där mir deelhuelen;
- Duerno (géint 9h00) ass den offiziellen Deel (Scoutsaktivitéit) eriwwer. Dat heescht déi Elteren déi wëllen, kënne no der Mass hir Kanner um Parvis vun der Kathedral ofhuelen. D'Kanner kënnen awer och bei de Cheffe bleiwen, a mam Zuch zeréck op Ettelbréck fueren. Do ass dann um 11 Auer Schluss op der Gare.

Wat sollen d'Kanner mathuelen:

- Uniform!
- Ee klenge Rucksak mat Gedrénks, Picnic, Täschegeld, Jumbokaart/Zuchticket, Täscheluucht, Beschäftegung
- Dem Wieder entspriechend ugedo sinn


 1 2 3 4 

 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved