
D'Biber daat ass d'Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten, a riicht sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoër.

An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d'Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d'Natur méi no bréngen. D'Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d'Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D'Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt ginn, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen datt mir all zu enger grousser Famill gehéieren, datt mir all d'selwecht sinn, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hunn. Wéi d'Biber an der Natur, léieren d'Kanner hiert Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d'Schéinheete vun der Natur ouni awer d'Geforen ze ignoréieren.