News
  Kalenner
  Biber
  Wëllefcher
  AvEx
  CaraPio
  RaRo
  A.s.b.l.
  Geschicht
  Baden-Powell
  Chalet
  Fotoalbum
  Links
  Downloads
  Archive
   
 
   
   



Carapio

Wie mir sin ?

CaraPio as d'Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joër. Am Verband vun den LGS gin et zur Zäit 60 CaraPio-Truppen, mat 637 Jugendlechen an 198 Cheftainen a Chef.

An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et gin awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.

Wat mir maachen !

D'CaraPio treffe sech eemol d'Woch an enger Versammlung fir zesummen flott Aktivitéiten z´organiséieren an duerchzeféieren. Ganz vill Wäert gët geluecht op d'Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéien vun den Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d'Matverantwortung an d´Engagement grouss geschriwwe gin. Wat mir erliewen? De Startschoss fir e neit Joër as ëmmer d´Montée, wou déi nei CaraPio an d´Trupp opgeholl gin. Am Laf vum Joër gin dann en ettlech Weekender zesumme geplangt an iergendwou am In- oder Ausland, am Chalet oder Zelt ofgehal. Den absoluten Héichpunkt vum Guide/Scoutsjoër as awer de Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland as:

  • Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
  • Knäppe vun internationale Frëndschaften, Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfahrunge maachen
  • am Grupp liewen an zesummen eng lass maachen
  • d´Natur a sénge Verschiddenheeten erliewen
  • Grenzen iwwerwannen: "Fuer duer" as de Sproch vun de CaraPio: organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

Text: Lëtzebuerger Guiden a Scouten


 
© Lëtzebuerger Guiden a Scouten - Grupp St. Pirmin vum Séi, Eschduerf - Some rights reserved